My Image

Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib
15, route d’Ettelbruck L-9173 Michelbouch


Erfahrung vun méi wei 23 Joer wëllen mir un Eech weider ginn,
fir dass Ären Projet beschtméiglechst erfollegräich realiséiert gëtt.

Historique vun eiser Firma

1992 ass „Den Daachdecker“ zu Viichten vum Nesen Raymond a Kraemer Patrick gegrënnt ginn.

2002 hunn mir ugefang eis eegen Hal am Nopeschduerf vu Viichten, zu Méchelbuch, opzeriichten. 2003 sinn mir geplënnert.

2012 bei eiser 20-Joer-Feier hunn mir e Réckbléck gemaach:

Vun 2002-2012 hunn mir :
18800 m Kullangen opgehaang
9200 m2 Zénkdaach sinn gemaach ginn
44820 m2 Leen an 18381 m2 Zillen hunn mir gedeckt


2012 hu mir wéi och 20 Joer virdrun, nach ëmmer – wéi fréier – d’Leen an den Zénk mat eisen eegenen Hänn verschafft, well beim Daach an bei der Blechschléierei sinn eis Mataarbechter net duerch Computeren ze ersetzen, fir déi Aarbechten brauch en nach ëmmer handwierktlecht Kennen.Mir kennen do op gutt Léit mat laangjäreger Erfahrung zréckgräifen.

Am Februar 2015 hunn de Raymond an de Patrick decidéiert jiddereen séin eegenen Wee ze goen, de Patrick huet no 23 Joer d’Firma verlooss. Vun do un gëtt „Den Daachdecker“ vum Raymond a Léa Nesen gefouert. Fir eis z’ënnerstëtzen hu mir en Techniker agestallt.

Eis Aarbechtsopdeelung huet sech an deenen 23 Joer geännert. Am Ufank war eis Haaptaarbecht Deech mat Leen ze decken, dat huet sech am Laf vun de Joeren verännert.Den Zénk ass ëmmer méi modern ginn, an deemno war d’Nofro ëmmer méi grouss ginn. Haten mir am Ufank just „Daachdecker“ beschäftegt – d’Blechschléieraarbechten sinn vun de Patroen gemaach ginn- sou zielen mir haut 4 Blechschléier, 3 Zammerléit, 6 Daachdecker, 1 Daachdeckerléierbouf, 1 Techniker. De Patron huet eng Meeschterkaart als Daachdecker an Blechschléier.

Eng weider Emännerung an deenen leschten Joeren huet d’Isoléieren mat sech bruecht,. Mir hunn eis fir Cellulosen-Dämmung entscheed, an hunn déi neidesch Formatiounen matgemaach, sou dat mir lo och en zertifizéierten Isocell-Cellulose-Isolatiounsfachbetrib sinn.



Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib
15, route d’Ettelbruck L-9173 Michelbouch

Réalisé par webplus.lu

Mir bilden eis an eis Mataarbechter ëmmer weider, fir Eech déi bescht Qualitéit an Berodung ze bidden.