Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib

1992 – 2022

De kompetente Lëtzebuerger Familljebetrib fir Ären Daach.

Den Daachdecker SARL ass säit iwwer 30 Joer den Expert un ärer Säit fir de Bau, der Renovatioun an dem Ënnerhalt vun Diecher fir Eefamilljenhaiser, Geschäfter, Industriebauten, Denkmalschutz, Gebaier a Kierchen.

Mir sinn e Lëtzebuerger Daachdecker – a Blechschléiermeeschterbetrib a leeë grousse Wäert op professionell Aarbecht mat beschter Qualitéit.

 

Eis Servicer

Eis Firma „Den Daachdecker“ ënnerdeelt sech an 3 Haaptsparten: Leeëndecker, Blechschléier an Zammerleit.
Mir decken d‘Dierch mat Leeën (=Schiefer), Zillen, Zénk a Blech. Donieft maache mir och Charpenten, Akleedungen, Holzkonstruktiounen an Ablos-Isolatiounen.

Toiture en ardoises avec échelle de toit en bois.

Daachdeckerei

Leeënandeckungen, Zillenandeckungen, Akleedungen am Schiefer.

Pointe d'un toit en tôle.

Blechschléierei

Zenkdiesch, Akleedungen, Kullangen a méi…

Charpente d'un garage en train d'être monté à l'aide d'une grue.

Zammerei

Charpenten, an aner Holzkonstruktiounen.

Un couvreur protégé d'un masque, souffle la cellulose dans la toiture.

Isolatioun

Mir sinn een zertifizéierten Isocell-Cellulose-Isolatiounsfachbetrib.

Revêtement de façade en anthracite avec un toit en tôle.

Akleedung

Akleedungen mat Trespa, Fundermax, Leeën, Holz an och Zénk.

Säit iwwer 30 Joer un ärer Säit

Eis Erfarung gi mir gären un Iech weider, fir dass Äre Projet beschtméiglechst an erfollegräich realiséiert gëtt.

Flotte de l'entreprise en 2022.
Eise Fuhrpark 2022

Firwat mat eis schaffen?

Fachkompetenz

Mir hunn dat néidegt Wëssen an Erfarung fir qualitativ héichwäerteg Aarbecht ze garantéieren. An eisem Betrib beschäftege mir momentan 26 Leit. Dovunner 4 Daachdeckermeeschter,
1 Blechschléiermeeschter, 12 Gesellen, 6 laangjäreg a gutt erfahren Mataarbischter, 1 Léierbouff, sou wéi 3 Sekretärinen .

Qualitéit

E fachgerecht gedeckten Daach hält vill méi laang an der Zäit an erhält de Wäert vun engem Gebai oder kann en esouguer erhéijen. Et ass eng Investitioun déi sech lount. Mat Hëllef vun eise Mataarbechter déi reegelméisseg a Formatioune ginn an déi motivéiert sinn hier Erfarungen am Alldag ëmzesetze kritt „Qualitéit“ direkt ee ganz aneren Numm.

Energieeffizienz

Eng professionell loftdicht Cellulose-Isolatioun vum Daach verbessert d'Energieeffizienz vun ärem Gebai an är Heizkäschte gi reduzéiert. En plus gëtt d'summerlësch Hëtztastraalung reduzéiert, wou duerch d'Hëtzt méi laang dobausse bleiwt. Doduerch datt d'Isolatioun lückelos agebloose gëtt, ergëtt et och e bessere Schallschutz.
Am Moment gëtt dëst nach héich vum Staat subventionéiert.

Berodung

Mir stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit. Ob bei der Wiel vum richtege Material, der Optimiséierung vun der Daachstruktur oder beim Identifizéiere vun ondichte Platzen, mir fannen déi beschte Léisung. Fir Iech ëmmer dee Beschte Service ze garantéiere ginn all eis Mataarbechter reegelméisseg a Formatiounen. Eise Patron besëtzt 40 Joer Erfarung an huet 2 Meeschterkaarten: 1 als Daachdecker an 1 als Blechschléier. Eisen Techniker schafft säit iwwer 14 Joer an eisem Betrib an huet d’Meeschterkaart als Daachdecker. Den Nowuess knéit sech dran, fir dass dat och an Zukunft esou bleift.

Zertifizéierungen

Mir bilden eis an eis Mataarbechter ëmmer weider, fir Eech déi bescht Qualitéit an Berodung ze bidden.

Diplôme "Brevet de maîtrise – couvreur" de Raymond Nesen.
Diplôme "Brevet de maîtrise – ferblantier-zingueur" de Raymond Nesen.
Certificat "PassivhausHandwerker" Energie fir d'Zukunft.
Certificat de la ISOCELL Academy.
Certification "Charte de Valeurs" de la fédération des artisans.