Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib

1992 – 2022

Wee si mir?

« Den Daachdecker » ass ee mëttelgrousse Lëtzebuerger Blechschléier- an Daachdeckermeeschter-Familljebetrib.
Mir schätzen eis Mataarbechter an hiert Kënnen, a leeë Wäert op hier Sécherheet a Wuelbefannen.

Mir maachen haaptsächlech Renovéierungen, Emdeckungen an Neibauten.

Mir ginn och kleng Aarbechten un, wéi z.B. Reparaturen, Gaardenhaisercher, Veluxen ersetzen, … 

Camion rouge avec bras étendu sur un chantier d'une rénovation de toiture.

Eisen Historique

1992

Nodeems de Raymond 1991 seng Meeschterkaart als „Couvreur“ ofgeschloss huet ass 1992 Den Daachdecker zu Viichten vum Nesen Raymond a Patrick Kraemer gegrënnt ginn.

1997

De Raymond huet seng 2 Meeschterkaart als „Ferblantier-zingeur“ ofgeschloss.

2002

Hu mir ugefang eis eegen Hal am Nopeschduerf vu Viichten, zu Méchelbuch, opzeriichten. 2003 sinn mir geplënnert.

2012

Mir feieren eis 20 Joer „Den Daachdecker“

2014

De Max, dem Raym a Léa hiren eelste Bouf, huet seng Léier an der Firma ugefaangen an 2017 ofgeschloss.

2015

Am Februar hunn de Raym an de Patrick decidéiert sech berufflech ze trennen. De Patrick huet d’Firma verlooss an ab 2015 gëtt den Daachdecker vum Léa a Raymond Nesen gefouert.

Ee Familljebetrib ass entstan.

2019

Mir hunn eise Blechschléieratelier an eise Büro vergréissert.

2021

De Jim, dem Raym a Léa hire Jéngsten, ass 2021, nodeems hien seng Léier an engem befrëndete Betrib 2020 ofgeschloss huet, heem an de Familljebetrib schaffe komm. No senger Léier 2020 huet hien direkt mat senger Meeschterkaart ugefaang an dëss 2023 erfollegraisch oofgeschloss.

2022

Hu mir dierfen eis 30 Joer feieren.

De Betrib ass an de leschte Jore gutt gewuess, mir ziele 26 Beschäftegter. Och eise Fuerpark huet sech ugepasst a moderniséiert. Mir zielen 9 Camionnetten, 1 klengen- an 1 grousse Camion mat Kran, ee Magni-Teleskopstapler an een Tieflader (fir deen hin an hier ze féieren), esou wéi och 2 Gabelstapler.

Eis Equipe

26

Mataarbechter

5

Meeschterkaarten

14

Daachdecker

5

Blechschléier

3

Zammerleit

1

Léierbouf

1

Techniker

3

Sekretärinnen

Eise Fuhrpark