Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib

1992 – 2022

Eis Servicer

Oft gestallte Froen

All Haus ass individuell. Genau sou ass och all Daach individuell. Fir Iech do beschtméiglech ze Berooden, ass et am beschten mir maachen een RV aus mam Techniker/Patron op der Plaatz selwer.

Schiefer oder Zillen… Béides ass gutt. Waat am Beschten fir Ären Daach ass, muss individuell gekuckt ginn. D’Daachneigung, de Präis mee och d’Ästhetik spillen hei eng Roll.

Nee. Dat maache mir nët.

Eng gudd Isolatioun ass de Schlëssel fir d’Energieeffizienz vun Ärem Daach ze verbesseren. Hei fir kënnt Dir gären ee RV op der Plaatz aumaachen oder an eiser Rubrique hei um Site « Isolatioun » bis an d’Brochüre luuse goen.

Wéi laang een Daach am Duerchschnëtt hällt, kann een emmer just schätzen. Et gëtt keng kloer Linn wou ee soë keinnt een Daach hällt genau esou laang.

An der Moyenne haalen Diech mat Zillen 50 bis 70 Joer.

Schieferdeech kënne bis zu 100 Joer haalen.

Den Entourage vum Daach spillt hei bai awer eng ganz grouss Roll. Fiichtegkeet, Beem dei no bai stinn,… kënnen d’Liewensdauer vun engem Daach enorm beaflossen.

Dëss ass eng Fro déi oft gestallt gett, waat verständlech ass bei sou engem Investissement. Leider kann een dat net esou soën. Well all Daach Individuell ass spillen vill Faktoren eng Roll fir kënnen ee Präis ze definéiren. Et henkt oof vun der Fläch, vun der Neigung, Graden, Gauben, Daachfensteren,….

Wann dir Iech décidéiert hutt Ären Daach nei ze maachen, kommen mir awer gären eng Kéier op d’Plaatz bei Iech kucken an maachen Iech een Devis fir Ären Daach.