Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib

1992 – 2022

Isolatioun

Isocell – Déi bescht an natierlechst Wärmedämmung

Mir sinn zertifiéierten Isocell-Cellulose-Isolatiounsfachbetrib aus Iwwerzegung.

Isocell Cellulose ass eng natierlech Isolatioun aus Cellulosefaseren, déi duerch d’Recycling vu propperem Zeitungspabeier hiergestallt gëtt. Graff opgefasert, mat Mineralsalzer gemëscht an an enger Mille gemuelen ass ISOCELL Cellulose verrottungssëcher a Feierbeständeg. Net onwichteg ze erwänen ass och dass d’Cellulosedämmung an Europa produzéiert gëtt (déi nooste Fabrik ass net wäit vun eis zu Schoppen an der Belsch).

Subventiounen op der Isolatioun

D’Isolatioun vum Daach ass hautdesdaags bei bewunnte Gebäier net méi fortzedenken. Well mir mat Isocell Cellulose isoléieren, déi déi europäesch technesch Zouloossung (ETA) wei och d »natureplus® »-Zertifizéierung huet, kënnen eis Clienten an de Genoss vun enger staatlecher Subventionéierung kommen, déi bis zu 100€/m² ausmécht.

Zousätzlech si mir Partner vun Enovos a kennen Iech d’Enoprime op der Isolatioun ufroen.

Optimal openeen ofgestëmmt

Zënter 2010 schaffe mir mat der ganzer Gamme vun der éisträichescher Firma Isocell – Cellulose, Dampspär, den néidege Pësch etc. kreie mir alles aus enger Hand an hunn esou an all de Joren nach ni eng Schwieregkeet mat dësem Produkt gehat.

Hei fannt dir eng Broschüre mat méi Informatiounen zum Thema Cellulose, an och Fotoen vun Isolatiounsaarbechten.

De l'arbre au papier à la cellulose.

Eis aner Servicer

Revêtement de façade en anthracite avec un toit en tôle.

Akleedung

Akleedungen mat Trespa, Fundermax, Leeën, Holz an och Zénk.

Toiture en ardoises avec échelle de toit en bois.

Daachdeckerei

Leeënandeckungen, Zillenandeckungen, Akleedungen am Schiefer.

Charpente d'un garage en train d'être monté à l'aide d'une grue.

Zammerei

Charpenten, an aner Holzkonstruktiounen.

Pointe d'un toit en tôle.

Blechschléierei

Zenkdiesch, Akleedungen, Kullangen a méi…