Lëtzebuerger Daachdecker - a Blechschléiermeeschterbetrib

Akleedung

Schieferleeën, Zénk, Trespa oder Fundermax

Eng Akleedung schützt äert Doheem a kann eng héichwäerteg architektonesch Léisung sinn. Soll sech äert Eegentum an d’Ëmfeld afügen? Oder dierf et e kreative Bléckfang sinn?

Ob aus Leeën (= Schiefer), Zénk, Trespa oder Fundermax, zesumme fanne mir dat richtegt Material fir äre Projet.

Bei Schieferandeckunge benotze mir ganz wéi bei den Diecher haaptsächlech spuenesche Schiefer.

A wat ass Trespa a Fundermax? Dat si grouss, widderstandsfäeg Plaquen, déi op Moos zougeschnidde kënne gi fir Akleedungen unzefäerdegen – banne wéi och baussen. Se si robust, haart, laanglieweg a modern.
Bei dëse Plaquen handelt et sech em eng Kombinatioun aus zwee ënnerschiddleche Materialien. Op den Uewerfläche stabille Konschtstoff an an der Mëtt gepresstend Holz. Wei een op de Fotoen erkenne kann, gëtt et dës Plaquen a villen Faarwen: knalleg, neutral, Holzimitatiounen…

Hei ënnen drënner fannt dir e puer Beispiller wéi esou eng Akleedung ausgesi kann.

Sélection de couleurs de bardage pour la toiture ou la façade.

Eis aner Servicer

Toiture en ardoises avec échelle de toit en bois.

Daachdeckerei

Leeënandeckungen, Zillenandeckungen, Akleedungen am Schiefer.

Un couvreur protégé d'un masque, souffle la cellulose dans la toiture.

Isolatioun

Mir sinn een zertifizéierten Isocell-Cellulose-Isolatiounsfachbetrib.

Pointe d'un toit en tôle.

Blechschléierei

Zenkdiesch, Akleedungen, Kullangen a méi…

Charpente d'un garage en train d'être monté à l'aide d'une grue.

Zammerei

Charpenten, an aner Holzkonstruktiounen.