Blechschléierei
Een Zenkdaach kënnt meeschtens dann zur Auswiel wann d’Neigung vun Daach et net zouléisst, fir mat Schiefer oder Zillen ze decken, awer net nëmmen… Duerch déi aktuell modern Architektur gëtt den Zénk mëttlerweil och gäre bei méi staark geneigten Diecher geluecht – dëst awer dann éischter aus ästhetesche Grënn. Natierlech ass och eng Kombinatioun aus verschiddene Materialie méiglech.
Soll et e ronnen Daach ginn? Eis eege Maschinnen erlaben eis et, iech esou gutt riicht, wéi och ronn Zenkschaaren unzefäerdegen.
Hei drënner fannt dir e puer Andréck vun de professionellen Aarbechte vun eise Blechschléier.
Eis aner Servicer
Akleedung
Akleedungen mat Trespa, Fundermax, Leeën, Holz an och Zénk.
Zammerei
Charpenten, an aner Holzkonstruktiounen.
Isolatioun
Mir sinn een zertifizéierten Isocell-Cellulose-Isolatiounsfachbetrib.
Daachdeckerei
Leeënandeckungen, Zillenandeckungen, Akleedungen am Schiefer.